Léiwt Christiane,
Vun ganzem Häerzen wënschen ech dir vill Gléck fir déng 30 Joer!! Wéi gäer géif ech elo matt Dir zesummen feieren...mée leider ass et mir am moment net méiglech! et ass e bessi wäit!
Sou oft denken ech un dech an wéi gäer géif ech matt dir een gudden Kaffi drénken goen an poteren! Déng Frendschaft war an ass mir nach emmer sou wichteg an ech soen dir merci fir déng Ennerstetzung an däin Verständnis!!
Yéléna an d'Imelda schécken dir och een ganzen décken Kuss an si vergiessen dech net! si hun schons e puer Biller fir dech an den Edwin gemoolt, elo mussen mir eis just Zait huelen fir se ze schécken!
Et deed mir leed dass mir eis net vill mellen oder net op d emailen äntwerten...leider ass den accès op internet net emmer einfach fir mech!
Ech wënschen dir op déngem weideren Wée, mam Edwin, zu Betzder an äerem schéinen Haus, alles Beschtes vun der Welt fir glécklech ze bleiwen, sou wéi dir et ausstrahlt!
Eis geet et ganz gudd, déi éischt Méint waren net emmer einfach mée sou lues a lues winnen mir eis an!! Mée geschwenn schreiwen ech iech erem een Bericht vun eisem Liewen hei an Brasilien.
Hei e puer Fotoen vum Imelda séngem Geburtsdaag, mir haaten wëlles een klengt Fest ze maachen an e puer Leit ze invitéieren an finalement waren mir schon zu 20....dem Imelda an Yéléna séng nei Frënn waren alleguer komm! Mée ech setzen keng Fotoen vun deenen aaneren Kanner op den Blog!
Ech hoffen iech geet et gudd an deem kaalen Letzebuerg an wënschen iech eng ganz schéin Zait virun Krëschtdaag, genéisst et, well hei ass nix ze Krëschtmaarten, oder Glühwain drénken oder Krëschtdécoratioun!
Een décken Kuss un jiddfereen
Een vum Imelda séngen villen Kadoen, Hello Kitty Flip Flop
Ici Imelda ouvre le cadeau de Lauanda, la nounou qui prend soin des filles maintenant tous les jours...c'est vraiment une fille super chouette, super joyeuse et très gentille....ça se passe très bien et Yéléna et Imelda l'aiment beaucoup.
Elo hun mir e ganzen Koupp Spillsaachen, well jiddfereen huet eppes mattbruecht!
Il faut le voir pour le croire!!!!!!!!!!!!!!!!!
Mega léif! Villmols Merci fir déi léif Gléckwënsch vun iech! Et hun ganz vill léif Leit un mech geduecht an dass du mir esou en léiwen Message um Blog schreifs fir mir ze wënschen, mécht mir ganz vill Freed!Ech hätt och gaer matt iech dem Imelda sain Gebuertsdag gefeiert, mee och fir mech ass et leider e bëssen wait! :-) Mee et ass schéin ze gesin, dass dir iech gudd amuséiert hutt an dass d'Imelda e bessen verwinnt gin ass! An et ass en gudden Schokelaskuch gin;mmmmmhhhh lecker!
RépondreSupprimerMir hun muer Vakanz, dann leeft et rem e bessen méi roueg hei heem, dann mellen ech mech bei iech!
Lo gin ech nach e bëssen virbereeden fir den W-E wann d'Pothoven's Family wënschen kënnt an fir den Sonnden; dann brennt zu Betzder de Bam!Ech drenken natirlech e Patt fir iech matt!
Bis geschwënn, decken Kuss un iech all,
Christiane
(Ech kucken zum Bureau raus, an alles ass waiss, et schneit riicht eran! Wat e schéine Wanter! Et ass super iech am Summergezei zegesin, mir erfréieren bal hei, den Moien waren et -11°)